Rezepter

Bounen-Opstréch

Zutaten (fir 1 Schossel)

  • Bio Borlotti-Bounen (12 Stonnen ageweecht)
  • 1–2 EL Zitrounesaft
  • 1–2 Knuewelekszéiwen
  • 2–3 EL Olivenueleg
  • 1 TL Kumin (Kreuzkümmel)
  • Salz a Peffer
  • Bounen-Kachwaasser (fir d’Konsistenz)

 

Zoubereedung

  • D’Borlotti-Bounen 40–45 Minutte kachen.
  • Ofschëdden an d’Kachwaasser opbehalen.
  • D’Bounen an e Mixer ginn.
  • Zitrounesaft, Knuewelek, Olivenueleg a Kumin derbäiginn.
  • Salz a Peffer dobäisetzen.
  • Alles fein mixen.
  • No an no Bounen-Kachwaasser derbäiginn, bis eng cremeg Konsistenz entsteet.
  • No Goût ofschmaachen.

 

Haltbarkeet

  • Am Frigo, gutt zougemaach, späicheren.
  • Ca. 1 Woch haltbar.

 

Servéier-Tipp

  • Als Broutopstréch.
  • Als Dip fir den Apéro oder e Picknick.
  • Mat Geméisstécker.

 

Tipp: Lënsen a Bounen kombinéieren

Borlotti-Bounen kënnen och zousätzlech an eng Lënsenzopp ginn. Doduerch entsteet eng Lënsen-/Bounen-Eintopf.

 

Virdeeler

  • méi sättigend
  • méi räich u Planzeneiweiss
  • ideal fir Leit mat vill Energiebedarf

 

D’Kombinatioun vu Lënsen a Bounen gëtt dem Plat méi Substanz, ouni schwéier ze sinn.

< Zeréck