Rezepter
Lënsenbratlinge
Zutaten (fir ca. 10–12 Bratlingen)
- 250 g dréche Lënsen
- 1 Ënn
- 1–2 Knuewelekszéiwen
- 2 Eeër
- Haferflocken (fir ze bannen)
- Kumin
- Salz a Peffer
- Fett oder Ueleg fir ze broden
Zoubereedung
- D’Lënsen 20–23 Minutten a Waasser kachen.
- D’Lënsen ofschëdden a kuerz ofkille loossen.
- D’Ënn kleng schneiden.
- De Knuewelek fein hacken.
- D’Ënn an de Knuewelek kuerz ubroden.
- D’Lënsen mat den Haferflocken, den Eeër, dem Kumin, der ugedënster Ënn, dem Knuewelek, Salz a Peffer gutt vermëschen.
- Mat fiichten Hänn d’Mass zesummendrécken a Bratlinge formen.
- Fett oder Ueleg an enger Pan erhëtzen.
- D’Bratlinge solle liicht am Fett schwammen (ähnlech wéi Gromperekichelcher).
- Op enger Säit gëllenbrong ubroden, duerno virsiichteg dréinen an och déi aner Säit fäerdeg broden.
Servéier-Tipp
- Als Bäilag, zum Beispill mat Geméis aus dem Schäffchen.
Gesond Gewierzer no Hildegard von Bingen (optional)
Kumin
- ënnerstëtzt d’Verdauung
- mécht Lënsen méi bekömmlech
Och hei: optional, mee fir vill Leit méi liicht verdaubar.



