Rezepter

Lënsenbratlinge

Zutaten (fir ca. 10–12 Bratlingen)

  • 250 g dréche Lënsen
  • 1 Ënn
  • 1–2 Knuewelekszéiwen
  • 2 Eeër
  • Haferflocken (fir ze bannen)
  • Kumin
  • Salz a Peffer
  • Fett oder Ueleg fir ze broden

 

Zoubereedung

  • D’Lënsen 20–23 Minutten a Waasser kachen.
  • D’Lënsen ofschëdden a kuerz ofkille loossen.
  • D’Ënn kleng schneiden.
  • De Knuewelek fein hacken.
  • D’Ënn an de Knuewelek kuerz ubroden.
  • D’Lënsen mat den Haferflocken, den Eeër, dem Kumin, der ugedënster Ënn, dem Knuewelek, Salz a Peffer gutt vermëschen.
  • Mat fiichten Hänn d’Mass zesummendrécken a Bratlinge formen.
  • Fett oder Ueleg an enger Pan erhëtzen.
  • D’Bratlinge solle liicht am Fett schwammen (ähnlech wéi Gromperekichelcher).
  • Op enger Säit gëllenbrong ubroden, duerno virsiichteg dréinen an och déi aner Säit fäerdeg broden.

 

Servéier-Tipp

  • Als Bäilag, zum Beispill mat Geméis aus dem Schäffchen.

 

Gesond Gewierzer no Hildegard von Bingen (optional)

 

Kumin

  • ënnerstëtzt d’Verdauung
  • mécht Lënsen méi bekömmlech

 

Och hei: optional, mee fir vill Leit méi liicht verdaubar.

< Zeréck